Frohe Botschaft in Tönen
Dimanche 13 décembre 2026 · 17:00Eglise de Grevenmacher · Grevenmacher
Billets à partir de
Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.
À l'affiche
Description
Lire la suite
Frohe Botschaft in Tönen
Weihnachtsoratorium J.S. Bach (Kantaten I, II und VI)
Den 12. an 13. Dezember 2026 invitéiert d’Chorale Municipale Grevenmacher op e ganz besonnesche musikalesche Projet an d’Kierch zu Grevenmacher: D’Kantaten I, II a VI aus dem Weihnachtsoratorium BWV 248 vum Johann Sebastian Bach.
Nieft der Chorale Municipale Grevenmacher an dem Kammerorchester Estro Armonico stinn dofir och d’Chorale Muselfénkelcher an d'Schülerinnen a Schüler vun der Regional Maacher Musekschoul mat op der Bühn.
Och bei de Solistinnen a Soliste setzt de Projet bewosst op jonk professionell Sängerinnen a Sänger, déi trotz hirem jonken Alter schonn eng beandrockend Bühn- a Concerterfarung matbréngen: Anna Major – Sopran, Teresa Mertz Echauri – Alt, Konstantin Glomb – Evangelist an Tenor, Philipp Schneider – Bass
Ënnert der musikalescher Leedung vum Salome Harms-Sanchez féieren d’Kantaten I, II a VI vum jubelnden Ufank vun der Chrëschtgeschicht iwwer déi méi intim Hiertemusek bis zum festleche Schluss vum Weihnachtsoratorium.
Informations supplémentaires
Généré par IASuggestions automatiques séparées des informations officielles de l'organisateur.
D'Chorale Municipale Grevenmacher féiert den 12. an 13. Dezember 2026 an der Kierch zu Grevenmacher d'Kantaten I, II a VI aus dem Weihnachtsoratorium BWV 248 vum Johann Sebastian Bach op. Mat dobäi sinn d'Kammerorchester Estro Armonico, d'Chorale Muselfénkelcher, Schüler vun der Regional Maacher Musekschoul an d'Soliste Anna Major, Teresa Mertz Echauri, Konstantin Glomb a Philipp Schneider. Musikalesch Leedung: Salome Harms-Sanchez.