Aller au contenu
360expBêta publique
Se connecter
't ass net ze gleewen
Autres

't ass net ze gleewen

Samedi 12 décembre 2026 · 19:30Kulturhaus Niederanven · Niederanven

Voir le site d’origineÀ partir de 12 €

Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.

Description

Lire la suite

Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Kann een hautjesdaags iwwerhaapt nach eppes gleewen.
Verschwörungstheorien, alternativ Fakten, Fake News, Deepfakes, Desinformatioun, manipuléiert Noriichten ... Wien huet do nach den Duerchbléck?
Gëtt et een, deen d’Wouerecht gepacht huet?
Da ginn et och nach gefillte Wouerechten. Mat deenen ass et wéi mat de gefillten Temperaturen. Wann engem bei realen 12 Grad am Schiet de Wand ëm d’Ouere bléist an et huet een näischt um Kapp, da fillt et sech schonn e gutt Stéck méi kal un.
A wann engem Ligen ëmmer méi dacks a méi haart ëm d’Ouere fléien an et huet een näischt am Kapp, dann héieren déi sech op eemol wéi Wouerechten un.
Mat Sécherheet gëtt et Leit, déi Interessi drun hunn, wat mir gleewen. Bei de Politiker zum Beispill, do sinn der, déi gi Saache vu sech, do weess een net, léie se eis lo einfach nëmmen ouni Hemmung un oder si se sou domm a versti guer net ëm wat et geet. An da weess een net, wat engem léiwer wär.
Vum a mam: Roll Gelhausen