Kabaret Sténkdéier
Vendredi 5 mars 2027 · 20:00Aalt Stadhaus · Differdange
Billets à partir de
10 €
Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.
Description
Lire la suite
D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout!
Europa ass ugezielt an hänkt an de Seeler, den transatlanteschen Dram ass ausgedreemt. Lénks a riets gi mer iwwerholl. Op wie kanns de dech nach verloossen, wie klaut der d’Sue schonns aus der Täsch? De Klimawandel ass aus de Schlagzeilen, dofir iewer net vum Dësch a vill ze spéit hu mir geschnallt, wéi ofhängeg mir wierklech sinn. Vun engem Moment op deen anere war alles a Fränjelen an elo reiwe mir eis d’Aen a verstinn d’Welt net méi.
Egal op Gesondheets-, Pensiouns-, Steierreform, bezuelbare Wunnraum oder unisex Toiletten; och dës Koalitioun huet, esou wéi déi virdrun, d’Probleemer vun de Leit net geléist an de Mann mam Hummer ass ënnerwee. De Bettel knipst Selfie mat sengem Dackel, de Frieden palavert ouni datt eppes nokënnt an de Rescht vun der Koalitioun hänkt um Baxter.
A mat enger Oppositioun, déi hiren Numm net verdéngt huet, ass Besserung och net a Siicht. Egal ob rout, gréng oder wat och ëmmer, all hu se genuch mat sech selwer ze dinn. Esou kritt d’Zukunft vum Land grad wéi den ëffentlechen Transport ëmmer méi Retard. Oder kënnt Dir d’Piraten nach eescht huelen! Ee Land wat sech esou Politiker leescht, muss sech net wonneren.
Mee grad elo zielt et! Wie fléckt d’Téitschen an eiser Realitéit? Wann alles a Fränjelen ass, de Kapitalismus grad esou wéi de Kommunismus ausgedéngt hunn, dann ass eis Zäit komm: Ironie, Satir, Sarkasmus an nei Hoffnung an Zouversiicht fir Lëtzebuerg! De Kabarettismus iwwerhëlt elo d’Rudder!
A wie kéint dat besser wéi de Kabaret Sténkdéier! Wéini, wann net elo! "Alles a Fränjelen", een Owend dee wéi deet, wann et néideg ass an dee wiermt, wann et méiglech ass.
Zousätzlech Informatiounen
Et spillen: Conny Braquet, Joëlle Muller, Irène Zeimes, René Engel, Luc Schumacher
Texter a Regie: Roland Meyer
Musek: Camille Nanquette
Regieassistenz: Bruna Gorza a Joe Heintzen
Inspizienz: Joe Heintzen
Photo: Claude Sibenaler
Mehr Infos