Billets à partir de
Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.
À l'affiche
Description
Lire la suite
De 15. Februar 2026 huet de Pol Greisch eis verlooss. Säi Numm steet stellvertriend fir d’Renaissance vum Theater op Lëtzebuergesch vun de 60er Joer un bis bal haut. Mat dësem Owend wëllt den TNL him eng kleng Reverenz erweisen.
Nom Pol sengem Doud huet säi Jong Cary an engem Tirang e komplett onbekannt Stéck fonnt. Hiren Hipp ass en Text vun 1993, also entstaan kuerz no sengem Wierk E Stéck Streisel, wat deemols e grousse Succès war. Hiren Hipp ass souzesoën en typesche Greisch: kloer gezeechent Figuren mat enger déiwer Mënschlechkeet, engem wonnerbaren Humor, enger präziser Sprooch a – mir näischt, dir näischt – enger sozialer Analys vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sengesgläiche sicht.
Informations supplémentaires
Généré par IASuggestions automatiques séparées des informations officielles de l'organisateur.
Mat dësem Owend erweist den TNL dem Pol Greisch, deen de 15. Februar 2026 gestuerwen ass, eng kleng Reverenz. Gewise gëtt Hiren Hipp, e bis elo onbekannt Stéck vun 1993, dat säi Jong Cary an engem Tirang fonnt huet. Et ass en typesche Greisch: kloer gezeechent Figuren, Humor, eng präzis Sprooch an eng sozial Analys vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.