Billets à partir de
Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.
À l'affiche
Description
Lire la suite
Yorick Schmit
Wien haut Michel Rodange seet, deen denkt un de Renert. Seng aner Texter si praktesch all vergiess – leider. Besonnesch seng Léierchen huet et verdéngt erëm nei entdeckt ze ginn: e längert Gedicht iwwer d’Natur an d’Bauereliewen, dat bis haut mei Froen opgeheit, wéi et beäntwere kann: Wéini ass et geschriwwe ginn? Wéi ass den Originaltitel? Kenne mir dem Rodange seng definitiv Versioun?
Och den Text selwer huet fir Irritatioune gesuergt. De Satiriker Rodange weist hei eng ganz aner Säit vun sech: poetesch, sensibel a nostalgesch. D’Léierchen haut liesen heescht e Bléck zeréckgeheien an eng Zäit, wou d’Natur den Alldag an de Liewensrhythmus vun de Leit bestëmmt huet, geschriwwen an enger Sprooch, déi eis esou friem ginn ass, wei d’Liewen dat se beschreift. Mee an Zäite vu Klimakris, Fukushima an Aartestierwen ass dem Rodange seng Hymn un d’Natur eventuell mei modern an aktuell, wéi een ob den éischte Bléck mengt.
Am Zesummespill vu Liesung, Musek a Konferenz wëlle mir d’Léierchen am Kontext vum Anthropozän nei entdecken.
Informations supplémentaires
Généré par IASuggestions automatiques séparées des informations officielles de l'organisateur.
Mat Yorick Schmit: Owend iwwer dem Michel Rodange säi manner bekannt Gedicht „D'Léierchen“, e längert Gedicht iwwer d'Natur an d'Bauereliewen, dat nach Froe opwerft (Entstoungszäit, Originaltitel, definitiv Versioun). Am Zesummespill vu Liesung, Musek a Konferenz gëtt d'Léierchen am Kontext vum Anthropozän nei entdeckt. Am Mierscher Theater zu Miersch.