Aller au contenu
360expBêta publique
Se connecter
GENUCH ZE DINN
Arts de la scène

GENUCH ZE DINN

Vendredi 4 décembre 2026 · 20:00Mierscher Theater · Mersch

Voir le site d’origineÀ partir de 14 €

Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.

Description

Lire la suite

Samuel Hamen, Liss Scholtes

Et gëtt „genuch ze dinn“ - an dësem Monolog genee sou wéi an der Welt, déi sech Lëtzebuerg nennt: Eng jonk Fra geréit op engem Festival an e Schluet. Op eemol ass si op sech zeréckgeworf, op hire Versuch, sech als Independante eng Zukunft mat engem Foodtruck opzebauen. Am Damp vum Kniddelswaasser stelle sech hir d’Froe vun engem souveräne Liewen : Wéi eng Ligen hunn hir d’Elteren als falsch Wäisheete mat op de Wee ginn? A wéi war namol d’Zesummeliewe mat hirem Ex, engem Auteur, dee sech just fir zwou Saachen interesséiert, fir sech selwer a fir d'Literatur?

An der Mise en scène vun der Liss Scholtes Gatt d’Bün zu engem Fräiraum, deen d’Protagonistin sech reklaméiert. D’Anne Klein als Entrepreneuse flucht a beschwéiert sech, klot un a rëselt un engem Glécksverspriechen, dat fir ëmmer manner Leit zu Lëtzebuerg gëllt. Am Samuel Hamen sengem Monolog geet et séier ëm alles: ëm d’Iessen an ëm d’Léift, ëm falsch interkulturell Echangen an ëm d’Fräiheet, d’Wuert ze ergräifen, grad dann, wa kee bereet ass, engem nozelauschteren.

Arts de la scèneThéâtre

Où

Mierscher Theater

53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE, Mersch

Voir tous les événements de ce lieu