Aller au contenu
360expBêta publique
Se connecter

Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.

Télécharger l’app iPhone

Description

Lire la suite

Olivier Garofalo

Iergendwann am 13. Joerhonnert huet e sech breet gemaach, ass vum Wopen op ee schicke Fändel geplënnert an huet als Roude Léiw houfreg säi Status als Nationalsymbol genoss. Mee no all deene Joer huet esou munches changéiert. Permanent muss de Roude Léiw bei Sportsevenementer hierhalen oder op Uniformen drun erënneren, dass d'Lëtzebuerger bleiwe wëllen, wat si sinn. Nee, dorop huet de Roude Léiw kee Bock méi! Iwwer Nuecht spréngt hien heemlech vum Fändel! Mee éier hien sech ëmsinn huet, lant hien an enger geheimnisvoller Welt:
Am Alusru-Land begéint hien esou ongewéinleche Wiesen ewéi dem Orlaf, dem Callis oder och dem Illaias. Well hien sech fir dee Gréissten hält, wëll de Roude Léiw näischt mat deene Friemen ze dinn hunn, déi sech nu guer net fir Besëtztum a Grenzen interesséieren. Allerdéngs mierkt hien séier, dass hien hir Hëllef brauch, wann hien rëm zréck op Lëtzebuerg wëll fannen...

Informations supplémentaires

Généré par IA

Suggestions automatiques séparées des informations officielles de l'organisateur.

Stéck vum Olivier Garofalo am Mierscher Theater: De Roude Léiw, Lëtzebuerger Nationalsymbol, huet kee Bock méi a spréngt iwwer Nuecht heemlech vum Fändel. Hie landt am geheimnisvollen Alusru-Land, wou hien ongewéinlech Wiesen ewéi den Orlaf, de Callis an den Illaias begéint. Och wann hien näischt mat de Friemen ze dinn hunn wëll, mierkt hien séier, dass hien hir Hëllef brauch, fir rëm zréck op Lëtzebuerg ze fannen.

ThéâtreArts de la scèneFamille

Participants détectés: Olivier Garofalo

Via luxembourg-ticket.lu