Aller au contenu
360expBêta publique
Se connecter

Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.

Télécharger l’app iPhone

À l'affiche

Description

Lire la suite

Mierscher Musek, Jugendensembel

D’Mierscher Musek an hire Jugendensembel invitéieren iech häerzlech op hire Galaconcert am Mierscher Theater. Den Owend fänkt mat enger energescher Ouverture vum Jugendensembel un, bei där den Nowuess vun der Mierscher Musek säi Kënnen zum Beschte gëtt. Duerno iwwerhëlt d’Mierscher Musek ënnert der Leedung vum Ben Brosius.

Als musikaleschen Highlight vum Joer presentéiert d’Musek e spannende Programm: niewent der genreprägender Appalachian Ouverture vum James Barnes an de klasseschen Transkriptioune vum Johann Strauss, zielt virun allem Appalachian Spring vum Aaron Copland zu de groussen Héichpunkte vum Owend.

Am zweete Programmdeel steet eise Saxophonregëster am Mëttelpunkt. An engem Saxophon-Duo an an engem schmassege Solostéck fir de ganze Regëster weisen si d’Vilfalt vum jéngsten Instrument am Harmonieorchester. Bekannt Wierker wéi Bohemian Rhapsody vu Queen däerfen natierlech och net feelen. Mir freeën eis op äre Besuch!

Arts de la scèneThéâtre

Informations supplémentaires

Généré par IA

Suggestions automatiques séparées des informations officielles de l'organisateur.

Galaconcert vun der Mierscher Musek an hirem Jugendensembel am Mierscher Theater. De Jugendensembel spillt eng Ouverture, duerno spillt d’Mierscher Musek ënnert der Leedung vum Ben Brosius. Um Programm stinn d’Appalachian Ouverture vum James Barnes, Transkriptioune vum Johann Strauss an Appalachian Spring vum Aaron Copland. Am zweeten Deel spillt de Saxophonregëster en Duo an e Solostéck, ausserdeem Bohemian Rhapsody vu Queen.

MusiqueConcerts

Via luxembourg-ticket.lu