Aller au contenu
360expBêta publique
Se connecter
NEIJOERSCHCONCERT
Arts de la scène

NEIJOERSCHCONCERT

Samedi 16 janvier 2027 · 20:00Mierscher Theater · Mersch

Voir le site d’origineÀ partir de 15 €

Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.

Description

Lire la suite

Cercle Symphonique de Rumelange, Sidney Scho

A senger fënnefter Saison ënnert der kënschtlerescher Leedung vum Sidney Scho, widmet sech de Cercle Symphonique de Rumelange nees vollkommen dem lëtzebuerger Repertoire. D’Inspiratioun dofir läit beim bekannte Wiener Neujahrskonzert. De Bou tëscht der éisterräichescher Haaptstad a Lëtzebuerg gëtt iwwert typesch wieneresch Musek gespaant: Polkaen, Walzer, Märsch, awer ausschliisslech aus der Fierder vu lëtzebuerger Komponist·innen.

Um Programm sti seele gespillte Wierker vum Laurent Menager, Dicks, Batty Weber a Lou Koster, fir der just e puer ze nennen.

Fir dëse Concert goufe vill Stécker vum Yann Windeshausen orchestréiert – engem jonke lëtzebuergesche Komponist, deen och e puer vun de Gesangspartie wärend dem Concert iwwerhëllt. Duerch d’Ënnerstëtzung vum Cedom (Centre d’études et de documentation musicales) vun der Nationalbibliotéik kënne verschidde Bijouen aus hirem Archiv nees erkléngen.

Freet iech op en animéierten Owend mat (on-)bekannter lëtzebuerger Musek!

Arts de la scèneThéâtre

Où

Mierscher Theater

53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE, Mersch

Voir tous les événements de ce lieu