Aller au contenu
360expBêta publique
Se connecter
DEM GROW SIGFRID SENG GOLDKUOMMER
Musique

DEM GROW SIGFRID SENG GOLDKUOMMER

Jeudi 7 janvier 2027 · 20:00Mierscher Theater · Mersch

Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.

Description

Lire la suite

Michel Rodange, Max Thommes

Éier de Grow Sigfrid riskéiert säi Gold ze verléieren, léisst hien a sengem Schlass en Tuerm bauen, wou hien all seng Kostbarkeete verstoppt. Datt de Baumeeschter fir sech an seng Bouwe Clos a Josep ee Lach an der Mauer gelooss huet, fir puer Suen ze stibitzen, weess hien natierlech net. Seng eenzeg Suerg ass nëmmen nach seng Duechter d’Valdin geméiss hirem Stand ze bestueden. Glécklecherweis huet de Grow och dofir eng Léisung: De Barrong vu Bibberech zu Schibberech offréiert seng Hand! D’Valdin ass allerdéngs méi um Josep interesséiert, deen sech neierdéngs beim Schlass ronderëmdreift, ewéi un deem bossegen Här aus dem Norde mat enger Ausdrocksweis, déi kaum ze verstoen ass. Ass dat iwwerhaapt ee richtege Barrong? Ëmmer méi Zweifel kommen op, besonnesch nodeems de Grow bestuel ginn ass …

Mat spatzer Fieder a vill Humor weist de Michel Rodange ewéi Suen de Charakter verdierwen a spillt gläichzäiteg mat Spezifizitéiten an der lëtzebuerger Sprooch, wouduerch dëst Koméidistéck voller Verwiesslungen an Intrigen zu engem vu senge witzegsten Texter gehéiert.

MusiqueConcerts

Où

Mierscher Theater

53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE, Mersch

Voir tous les événements de ce lieu