Aller au contenu
360expBêta publique
Se connecter
WANTERCONCERT
Arts de la scène

WANTERCONCERT

Samedi 19 décembre 2026 · 20:00Mierscher Theater · Mersch

Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.

La billetterie est actuellement indisponible.

Description

Lire la suite

D’Mierscher Musek invitéiert iech häerzlech op hiren traditionelle Wanterconcert. Fir op déi gemittlech Joreszäit anzestëmmen, bitt d’Musek an hire Jugendensembel e stëmmungsvolle Programm: vu klassescher Marschmusek iwwer Solostécker, bei deenen de Fagottist Fränz Schroeder déi wonnerbar Kläng vu sengem Instrument zum Beschte gëtt, bis hin zu enger musikalesch ënnerluechter Erzielung vun The Night Before Christmas, virgedroe vum Claude Haubrich.

Originalkompositioune wéi The Cry of the Last Unicorn an exzellent Transkriptioune wéi dem Edvard Grieg säi March of the Trolls däerfen dobäi natierlech net feelen.

Den zweeten Deel vum Owend gëtt dëst Joer vun eisem Éieregaascht, der Harmonie Gemeng Mamer, presentéiert. Si bidden iech e spannende Programm aus der Harmonieorchester-Literatur an entloossen iech uschléissend wonnerbar agestëmmt an d’Chrëschtdeeg.

Arts de la scèneThéâtre

Où

Mierscher Theater

53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE, Mersch

Voir tous les événements de ce lieu