Aller au contenu
360expBêta publique
Se connecter

Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.

Télécharger l’app iPhone

À l'affiche

Description

Lire la suite

Fair ass faul a faul ass fair. Wie mengt, et mat Fläiss an Dugend bis ganz no uewen ze packen, ass ee Geck. D’Welt gëtt vun ale wäisse Männer wéi dem Duncan bestëmmt. Zwar bréngt hien seng Duechter, d’Malcolm, sou lues als Successeur a Positioun, allerdéngs wäert hien sech sou bal nach net zréckzéien. An iwwerhaapt muss d’Kand léieren, endlech wéi ee Mann ze denken an ze handelen. Zu Muecht a Geld kënnt een net mat Frëndlechkeet. Am Géigendeel, alles Friemt muss verschwannen an et muss duerch Angscht regéiert ginn. Dëst ass sech och dem Duncan seng trei Ënnerstëtzerin Mäcbess bewosst, allerdéngs géing et nimools de männleche Mäerderwee goen. Bis schliisslech d’Lady Mäcbess him eng déidlech Iddi an de Kapp setzt, déi zum Kinneksmord an domat zu engem duerch Wansinn gepräägte Chaos féiert.

Andeems sech an dëser neier Inzenéierung vum Jean-Michel Treinen senger kongenialer Iwwersetzung op de Männlechkeetshabitus a Relatioun mam Rietsruck an enger kapitalistescher Gesellschaft fokusséiert gëtt – zudeem d’Handlung an der Géigewaart spillt – gëtt dëst Stéck Weltliteratur zu engem radikal modernen Erliefnes.

Arts de la scèneThéâtre

Informations supplémentaires

Généré par IA

Suggestions automatiques séparées des informations officielles de l'organisateur.

Theaterstéck MÄCBESS am Mierscher Theater zu Miersch: eng nei Inzenéierung an der Iwwersetzung vum Jean-Michel Treinen. D'Handlung spillt an der Géigewaart a fokusséiert sech op de Männlechkeetshabitus an d'Relatioun mam Rietsruck an enger kapitalistescher Gesellschaft. Mäcbess, trei Ënnerstëtzerin vum Duncan, gëtt vun der Lady Mäcbess zum Kinneksmord bruecht, deen zu engem duerch Wansinn gepräägte Chaos féiert.

ThéâtreArts de la scène

Via luxembourg-ticket.lu