Billets à partir de
Enregistrez l’événement et nous vous prévenons si la date, l’heure ou le lieu change.
Description
Lire la suite
Fair ass faul a faul ass fair. Wie mengt, et mat Fläiss an Dugend bis ganz no uewen ze packen, ass ee Geck. D’Welt gëtt vun ale wäisse Männer wéi dem Duncan bestëmmt. Zwar bréngt hien seng Duechter, d’Malcolm, sou lues als Successeur a Positioun, allerdéngs wäert hien sech sou bal nach net zréckzéien. An iwwerhaapt muss d’Kand léieren, endlech wéi ee Mann ze denken an ze handelen. Zu Muecht a Geld kënnt een net mat Frëndlechkeet. Am Géigendeel, alles Friemt muss verschwannen an et muss duerch Angscht regéiert ginn. Dëst ass sech och dem Duncan seng trei Ënnerstëtzerin Mäcbess bewosst, allerdéngs géing et nimools de männleche Mäerderwee goen. Bis schliisslech d’Lady Mäcbess him eng déidlech Iddi an de Kapp setzt, déi zum Kinneksmord an domat zu engem duerch Wansinn gepräägte Chaos féiert.
Andeems sech an dëser neier Inzenéierung vum Jean-Michel Treinen senger kongenialer Iwwersetzung op de Männlechkeetshabitus a Relatioun mam Rietsruck an enger kapitalistescher Gesellschaft fokusséiert gëtt – zudeem d’Handlung an der Géigewaart spillt – gëtt dëst Stéck Weltliteratur zu engem radikal modernen Erliefnes.
Informations supplémentaires
Généré par IASuggestions automatiques séparées des informations officielles de l'organisateur.
Nei Inzenéierung vu MÄCBESS am Mierscher Theater zu Miersch, an der Iwwersetzung vum Jean-Michel Treinen. D'Handlung spillt an der Géigewaart: d'Lady Mäcbess bréngt d'Mäcbess op d'Iddi vum Kinneksmord um Duncan, wat zu Chaos a Wansinn féiert. D'Stéck setzt sech mam Männlechkeetshabitus a mam Rietsruck an enger kapitalistescher Gesellschaft auserneen.
Participants détectés: Jean-Michel Treinen